Eis U17 mat Victoire géint Lettland

  27.10.2018

Zu Vilnius a Litauen hunn eis jonk rout Léiwen vun Ufank un de Match dominéiert a mat enger staarker Defense de Letten d'Liewe schwéier gemaach. Zur Paus stoung et 17-12 fir d'Equipe vum Claude Wener. Dëse Virsprong hu si souverän bis zum Schluss verdeedegt sou dass si um Enn mat 28-21 gewannen. Top Leeschtung a super Start an den Turnéier. Haut geet et um 15h30 géint Litauen. Stay tuned! #MirsinnHandball #Letsmakeithappen #RoudeLéiwhuelse