Eis U16 Nationalkader waren den 1. Mee am Asaz
02.05.2018
Och dëst Joer waren eis U16 Nationalkader wéi déi lescht Joer zu Louvain-La-Neuve (B) am Asaz.
Eis Jonge konnten sech um Enn géint d'Formatiounszentere vun e.a. Léck a Limburg duerchsetzen an hunn no 4 Victoire déi 1. Platz am
Endklassement erreecht! Mir felicitéieren eiser Equipe fir deen Exploit.
Och eis U16 Meedercher hunn eng gutt Performance gewisen, a kommen um Enn op eng gutt 3. Platz.



































