Eis U15 Jonge verléiere géint eng staark Ekipp vun Dormagen (D)
Gëschter Owend hunn eis jonk rout Léiwen am Trainingslager zu Dormagen hiren éischten internationale Frëndschaftsmatch gespillt. D'Dormagener "Wiesel" haten dogéint eng gutt agespillten Ekipp, déi all Dag zesummen trainéiert a sécher zu de beschten Ekippen an Däitschland zielt. Mat vill Respekt ass eis Ekipp zu Wierk gaangen, mee d'Nervositéit konnt ni ganz ofgestallt ginn, sou dass um Enn, trotz enger gudder kämpferescher Leeschtung, eng 20-40 Nidderlag zustane komm ass.
Et war trotzdeem eng ganz wichteg Erfarung, well et gouf vill positiv Usätz an eis jonk Spillerer wësse lo, wou si nach méi musse schaffe fir besser ze ginn. Haut geet et da weider mat e puer Trainingsunitéiten ier eis Delegatioun muer nees heem kënnt.
#handballassméi #roudeLéiwhuelse #letsmakeithappen