Eis U14 Jongenationalequipe am Stage zu Gummersbach
  17.02.2020


Vun dësem Sonndeg bis e Mëttwoch sinn eis jonk rout Léiwe fir d'alleréischte Kéier am Trainingslager am Ausland. Et ass eng éischt Präparatioun op de Sauerlandcup deen am August zu Menden (D) gespillt gëtt. Nieft engem U19 Match vum VFL Gummersbach, gesinn eis Jongen och e Match vun der zweeter Bundesliga wou Gummersbach op Coburg trëfft. Mir wënschen dem Alex Scheubel mat senger Equipe vill Erfolleg fir de Stage. 

#handballassméi #RoudeLéiwhuelse #AXALeague