Eis Senioren am Trainingslager zu Ahlen an Däitschland
An engem Trainingslager preparéieren eis rout Léiwen de Qualifikatiounstournoi am Januar géint Irland, Groussbritannien a Bulgarien. Um zweeten Dag stoung nieft engem Training och e Frëndschaftsmatch géint Hamm aus der zweeter Bundesliga um Programm. Eis Hären hunn Hamm do de Bass gehalen an et stoung 17-17 an der Paus. No der Paus huet eis jonk Equipe weider gekämpft, war um Enn awer mat 25-31 ënnerleen. Muer stinn nach e puer Trainingsunitéiten um Programm. Stay tuned! #MirsinnHandball #Letsmakeithappen #RoudeLeiwhuelse