Eis Jugendkader zu Malmédy (B) an zu Bierchem am Asaz
  09.01.2018


De Weekend vum 6. a 7. Januar hunn d'Nowuesstalenter vun der FLH u verschiddenen Turnéier deelgeholl.

Zu Bierchem huet den U14 Jongekader eng gutt zweete Plaz bei 5 Equippen erausgespillt.

Zu Malmédy hunn eis U14 Meedercher sech ganz gutt aus der Affär gezunn, a konnte géint U16 Ekippe gutt mathalen.

Um Enn eng gutt 5. Plaz mat e puer knappen Néierlagen.

Bei de Bouwen ass et zu Malmédy nach besser gelaf. Si hunn sech um Enn déi éischt Platz geséchert. Vertruede waren zu Malmédy sämtlech Handballformatiounszenteren aus der Belsch.