Eis jonk Handballspiller am Ausland ënnerwee

  06.12.2017
Zesumme mam Sportlycée ënnerstëtzt d'FLH den Handballnowuess fir schonns am jonken Alter international Loft ze schnupperen. Esou hunn ganz rezent 3 Lëtzebuerger Bouwen, de Loic a Luke vum HC Berchem an de Charel vum HB Käerjeng, un engem "Sichtungslehrgang" vum TBV Lemgo deelgeholl. Nieft dem sportleche Volet gëtt natierlech de schouleschen Aspekt ganz eescht geholl. Ob eis Bouwen de Sprong an eng auslännesch Handballschoul packe wäert sech dann an de nächste Woche weisen. Mir drécken d'Daumen, dass hiren Dram an Erfëllung geet.

LODYSS Supercup 2025

LODYSS Supercup 2025
30. August 2025 ab 15:00 Auer
Um Dribbel Bascharage

15:00 : HB Käerjeng HB Diddeleng (Fraen)
17:30 : Red Boys – HC Berchem
(Männer)