Eis international Arbitterkoppel an Däitschland am Asaz

  30.07.2018

Leschte Weekend war och eis international Arbitter Koppel am Asaz. Fir 15. Kéier ass den traditionelle „f.a.n.-Cup“ vum 27. bis den 29. Juli zu Kleinostheim organiséiert gi deen sech aus 2 Turnéieren zesumme setzt, engem Amateurturnéier an ee Bundesligaturnéier. Den Alain an de Philippe haten d'Chance beim Bundesligaturnéier Erfarungen ze sammelen. Dëst Turnéier huet sech aus folgenden Ekippen zesumme gesat : TV Hüttenberg, en Ofsteiger der DKB Handball Bundesliga TV Großwallstadt, den Opsteiger aus der drëtter Liga Eulen Ludwigshafen aus der 1. Bundesliga HSC Coburg aus der 2. Bundesliga Eis Koppel huet déi 1. Halleffinall tëschent dem TV Hüttenberg an dem TV Großwallstadt gepaff wou sech den TV Großwallstadt knapp konnt duerch setzen. An der 2. Halleffinalle konnten sech d‘Eulen Ludwigshafen géint den HSC Coburg duerchsetzen. Dëse Match ass vun enger jonker däitscher Koppel aus dem DHB Nowuess Kader gepaff ginn. Den Dag drop haten den Alain an de Philippe d‘Opportunitéit d’Finale tëschent dem TV Großwallstadt an den Eulen Ludwigshafen ze päifen. Do war den Ënnerscheed dann awer kloer an d’Eulen konnten sech an engem technesch a physesch héich klassesche Match mat 31 zu 25 duerchsetzen. D’Amateurturnéier ass vun der HSG Rodgau Nieder-Roden gewonne ginn. Mat dëser optimaler Preparatioun start eis international Arbitter Koppel an enger Woch a hir nächst Aventure a wäerte bäi der B-Europameeschterschaft U18 vum 6. bis den 20. August a Georgien päife wou och eis Lëtzebuerger U18 Nationalequipe dobäi ass.