Eis Dammennationalequipe verléiert Virbereedungsmatch géint d’Belsch mat 29-38

  25.05.2019

Haut sinn eis rout Léiwinnen an der Virbereedung op d’Qualifikatiounsphase 1 vun der EURO 2020 an engem Frëndschaftsmatch op d’Belsch getraff. Dem Adrian Stot seng jonk Equipe huet villes ausprobéiert, wat op den Trainingen an de leschten Deeg ugeschwat ginn ass. Um Enn ass et fir Wirtz, Welter, Zeimetz a Co. net duergaangen, an si verléiere mat 9 Goaler géint eng gutt Equipe vun der Belsch. Et bléift also nach Aarbecht ier et en Donneschdeg mam Fliger a Griicheland geet. Stay tuned!

Lëtzebuerg huet gespillt mat : Alina HUREMOVIC, Eva ETOGA, Kim WIRTZ (5), Jil ZEIMETZ (3), Laura WILLEMS, Joy WIRTZ (2), Michelle JUNG (1), Dea DAUTAJ , Niki SCHILT (4), Semina RADONCIC (1), Lena KIRTZ, Amélie GRAN (4), Ana Luisa MONTEIRO GONCALVES, Tina WELTER (5/4), Jenny ZUK (4), Tania SOBERANO

Coach : Adrian STOT a Michel SCHEUREN

#AXALeague #RoudeLeiwhuelse #Letsmakeithappen #HandballLëtzebuerg


LODYSS Supercup 2025

LODYSS Supercup 2025
30. August 2025 ab 15:00 Auer
Um Dribbel Bascharage

15:00 : HB Käerjeng HB Diddeleng (Fraen)
17:30 : Red Boys – HC Berchem
(Männer)