Eis Dammennationalekipp um Wee fir d'Euro2022 Quali am Kosovo

  02.06.2021

Haut de Muere ass eis Dammennationalekipp ënnerwee fir an de Kosovo, wou si d'Qualifikatioun fir d'EHF Euro2022 spillen. Do treffen si op de Portugal, Zypern an de Kosovo.

Mam Bus goung et op Bréissel, vu wou aus et dunn mam Fliger iwwer Wien op Pristina geet. Um Flughafen zu Bréissel hunn eis Dammen dunn nach d'Volleyball Dammennationalekipp gekräizt, déi um Wee op Maribor sinn, fir de nächsten Tour an der CEV Silver League ze spillen.

Weider Informatiounen deemnächst op dëser Säit.

 


LËTZEBUERG - GREAT BRITAIN

LËTZEBUERG – GROUSSBRITANNIEN (Fraen)
25. Oktober 2026 um 16:00 Auer
Gymnase COQUE Kirchberg

Women’s World Championship 2027 qualification