Eis Damme Nationalequippe um Wee fir a Griichenland
  30.05.2019


Haut an der Mëttesstonn huet eis Damme Nationalequippe um Findel agecheckt fir iwwer Istanbul op Thessaloniki ze fléien, fir da weider op Veria ze fueren (Arrivée géint 22:00 Auer).

Zu Veria fënnt da vum 31. Mee bis den 2. Juni d'Qualifikatiouns Phase 1 fir d'Euro 2020 statt. Eis Equippe trëfft op Griichenland, Israel a Finnland.

De Spillprogramm ass folgenden :
Freides 31.05.2019 um 16:00 Auer : Finnland - Lëtzebuerg
Samschdes 01.06.2019 um 16:00 Auer : Lëtzebuerg - Israel
Sonndes 02.06.2019 um 17:30 Auer Griichenland - Lëtzebuerg

Den éischtplacéierte qualifizéiert sech da fir d'Qualifikatioun fir d'Euro2020 an Dänemark a Norwegen, a spillt an der Grupp 1 géint Holland, Spunien an Éisträich

Mir drécken eisen Dammen d'Daume fir dëse schwéieren Deplacement

Mir waarden nach op eng Bestätegung vun der Griichescher Handball Federatioun betreffend e Livestream vun de Matcher.