Eis Damme Nationalequippe spillt d'Quali Phase 1 vir d'Euro 2020
  21.03.2019


Um Wee fir d'Euro 2020 an Dänemark a Norwegen muss eis Damme Nationalequipe eng éischt Qualifikatiouns Ronn géint Israel, Griicheland a Finnland spillen. Dës Qualifikatioun gëtt an engem 4 Turnéier gespillt vum 31. Mee bis den 2. Juni 2019. De Gewënner vun deem Turnéier kënnt dann an déi normal Qualifikatioun eran (7 Gruppe vu jee 4 Natiounen). D'Euro 2020 gëtt vum 4. bis 20. Dezember 2020 gespillt. Bis den 1. Abrëll mussen déi verschidde Verbänn der EHF matdeelen ob si d'Quali organiséieren. Israel huet dat éischte Recht fir z'organiséieren.