Eis Arbitter Linster/Rauchs international am Asaz

  21.02.2020

Leschte Weekend war eis international Arbitterkoppel Linster/Rauchs erëm am Asaz an dat zu Karvina an Tschechien ! Et ass hei em d’Qualifikatioun fir Véierelsfinall vum EHF Challenge Cup gaange wou Karvina sech géint Madeira aus Portugal konnt duerch setzen.

Den Aller-Match haten d'Portugisen nach mat 30-27 doheem gewonnen (mam Lëtzebuerger Delegéiert Paul Nesser). Mee d’Hal an Tschechien war voll gepaakt mat 2.000 Zuschauer an de Match war spannend bis um Schluss well d'Tschechen ëmmer mat 3 bis 4 Goler vir ware mee d’Auswäertsgoler warscheinlech fir d'Portugise gespillt hätten.

An engem intensive Match huet sech Karvina dann och um Enn mat 33-27 duerchgesat a steet elo géint Dukla Prag (déi d'Red Boys Déifferdeng eliminéiert hunn) an der Véierelsfinall vum EHF Challenge Cup.

#handballassméi