E puer Andréck vun eise Lëtzebuerger Nowuesstalenter zu Lemgo
Fir de Charel Kirtz an den Eric Del Rosso as dës Aventure Neiland. "Mir si ganz Frëndschaftlech empfaange ginn a mir hunn eis direkt wuel gefillt" seet den Eric zu den éischte Wochen. 2 Méint sinn si elo zu Lemgo an "Et ass genau esou wéi ech mir dat virgestallt hunn" seet de Charel. Deels 6 Trainingen an 1 Match an der B-Jugend vu Lemgo pro Woch sinn zwar ustrengend, mä déi Zwee béissen op d'Zänn. Och an der Schoul leeft et gutt an si hunn vill néi Frënn fonnt. De Kontakt mat doheem ass natierlech och wichteg. "Eis Eltere besichen eis eemol am Mount a mir hunn och nach vill Kontakt mat eise Frënn zu Lëtzebuerg" sou den Eric a Charel. Bis elo leeft alles Beschtens an et ass fir si eng Beräicherung am handballereschen ewéi och an hirer perséinlecher Entwécklung. Mir drécken hinnen a Saachen Däitsch Meeschterschaft weiderhi fest d'Daumen a "Stay tuned"! #MirsinnHandball #Letsmakeithappen #RoudeLéiwhuelse