D'U16 Meedercher wanne géint Yutz mat 41-37 (F)

  17.10.2019

An engem Frëndschaftsmatch konnten sech eis jonk Léiwinne mat 41-37 géint hier Alterskolleginnen aus Yutz duerchsetzen. Trotz deem engen oder anere Feeler war hier Victoire ni a Gefor. Melchior, Galic a Co. ware konstant tëschent 4-7 Goaler fir.

Dem Adrian Stot seng Equipe spillt e Samschdeg de Retourmatch zu Yutz um 18h00.

#RoudeLéiwhuelse #AXALeague #Letsmakeithappen