D'Tina WELTER wënnt mat de Frischauf Frauen a steet am 4. Tour vum DHB Pokal

  03.11.2019

Mat 38 - 22 (18-11) wënnt den 1. Ligist Frischauf Göppingen zu Marpingen géint den 3. Ligist d'Mosquitos vu Marpingen/Alsweiler, Dem Tina seng Equipe war eigentlech ni a Gefor a waarden elo am 4. Tour vum DHB Pokal (= 1/4 Finall) op e gutt Lous. Ënnert den Aen vu ville Lëtzebuerger Supporteren, der Kamera vun RTL a vum Dammennationaltrainer Adrian Stot huet d'Kapitänin vun eiser Dammennationalequipe eemol markéiert.