Drëtt Victoire de Moien beim 34-29 zu Tiflis fir eis rout Léiwen géint Litauen!
No engem Dag Paus, ass et haut am leschte Gruppematch géint Litaue gutt ugaangen. Dobäi si Werdel, Etute a Co. no 12' schonns mat 7-2 a Féierung gaange. Zur Paus huet de Joé Schuster op 17-11 fir eis Faarwe gestallt. Och no der Paus konnten sech d'Männer vum Adrian Stot behaapten a louchen no 45' mat 28-22 a Féierung. Beim 30-27 no 55' ass et nach eng Kéier spannend ginn, mä Rastoder, Mitrea a Schuster suerge mat hire Goaler fir de 34-29 Schlussstand. Domat spillen eis rout Léiwen als Gruppendrëtten em d'Platze 5-8. Mir wënschen hinnen och do "Bonne Chance". Stay tuned! #MirsinnHandball #Letsmakeithappen #RoudeLeiwhuelse