D'Lëtzebuerger Handball Federatioun sicht een Assistant Administratif

  27.05.2019

D'Lëtzebuerger Handball Federatioun sicht fir hire Büro zu Stroossen, een

Assistant Administratif (m/w)

(Deel Zäit - CDI)

Är Missiounen :

De General-Sekretär bei sengen deeglechen Aufgaben ënnerstëtzen
Redaktioun vu Courrier a Berichter
De nationale Spillprogramm organiséieren a begleeden
Internet Säiten aktualiséieren
Elektronesch Gestioun vun de Membere verwalten

Äre Profil :

Ganz gutt Kenntnisser am Lëtzebuergeschen, Däitschen a Franséischen; Englesch ass vu Virdeel
Organisatiounssënn an Autonomie
Ganz gutt Schreiffäegkeeten
Gutt Kenntnisser vu Windows an den Office Suitten, den Internet an déi sozial Medie maachen Iech keng Angscht
Kenntnisser vun der Lëtzebuerger Handballwelt si vu Virdeel
Diskretioun, Flexibilitéit, Sensibilitéit an Teamgeescht

Kandidature mat Liewenslaf, Foto, Kopie vun den Diplomer, Zertifikater a Referenze si bis de 4. Juni 2019 un den Här Christian SCHMITT per Email un <link>jobs@flh.lu ze riichten


LODYSS Supercup 2025

LODYSS Supercup 2025
30. August 2025 ab 15:00 Auer
Um Dribbel Bascharage

15:00 : HB Käerjeng HB Diddeleng (Fraen)
17:30 : Red Boys – HC Berchem
(Männer)