D'Laure Flener huet säi Kontrakt beim TV Aldekerk ëm e weidert Joer verlängert
D'Laure Flener, Golkipp vun eiser Fraenationalekipp, huet virun e puer Woche fir eng weider Saison beim TV Aldekerk 07 an Däitschland ënnerschriwwen.
Mam ATV spillt d'Laure säit dëser Saison an der 3. Bundesliga Staffel Mitte.
"Domat hunn ech mir en Dram erfëllt," seet d'Laure an ass ganz zefridde.
Den TV Aldekerk huet iwwer 30 Handballsekippen an et hunn do schonn däitsch Handballnationalspillerinne gespillt ewéi d’Alina GRIJSEELS.
Mir wënschen dem Laure Bonne Chance am weidere Verlaf vum Championnat.
#handballassméi