Diddeleng a Bierchem si Champion bei den U14 an U17 Jongen

  05.06.2018

Um spannende Final 4, wou sech déi jeeweils bescht 4 Equippe vun de Championnater bei den U14 an U17 nach eng Kéier gemooss hunn, huet sech e Sonndeg den HBD bei de U14 Jongen an den HCB bei den U17 Jongen de Championstitel geséchert.

Viru gutt gefëllten Tribüne war et Samschdeg schonn an den Halleffinalle ganz spannend.

U14
HBD - Esch 36-13
HCB - Schëffl./Bettbg. 27-20
U17
Red Boys - Esch 35-25
HCB - HBD 33-31

E Sonndeg an de Finallen hunn sech d'Favoritten duerchgesat.

U14
Platzen 3/4 Esch - Schëffl./Bettbg. 23-24 (no 7m)
Platzen 1/2 HBD - HCB 27-21
U17
Platzen 3/4 HBD - Esch 27-28
Platzen 1/2 Red Boys - HCB 27-33

Mir gratuléieren allen Equippe fir déi gutt Leeschtungen!
#MirsinnHandball