D'FLH verlängert de Kontrakt mam Männernationaltrainer Nikola Malesevic
D'Lëtzebuerger Handballfederatioun freet sech matdeelen ze kënnen, dass gëschter de Kontrakt vum Männernationaltrainer Nikola Malesevic ëm e weidert Joer bis den 30.6.2023 verlängert ginn ass.
De Kontrakt gouf an der Maison des Sports vum President Dr. Romain Schockmel an der Vizepresidentin Josée Keiffer ënnerschriwwen.
De Nikola Malesevic ass domat responsabel fir d'Phase 2 vun der Qualifikatioun fir d'Europameeschterschaft 2024 an Däitschland, wou Lëtzebuerg op Portugal, Nordmazedonien an d'Tierkei trëfft. Den éischte Match zu Lëtzebuerg ass Sonndes de 16. Oktober an der Coque géint Portugal virgesinn.
#handballassméi #axaleague