D’FLH op Besuch beim néie Sportminister Georges Engel

  17.03.2022

Gëschter war eng Delegatioun vun der FLH mam President Dr. Romain Schockmel, dem Tresorier René Krack, dem Directeur technique Maik Handschke an dem Directeur administratif Christian Schmitt op Besuch beim néie Sportminister Georges Engel. Dobäi sinn e puer aktuell Problemer ugeschwat ginn, an eng Réi néi Iddien si proposéiert ginn. D’Handballfederatioun seet der ganzer Ekipp vum Sportsministère e grousse Merci fir déi grouss Ënnerstëtzung an de leschte Joren. Dem Minister Georges Engel wënsche mir eng gutt Zesummenaarbecht mat alle Sportverbänn.

#handballassméi