D'FLH baut seng Partnerschafte weider aus
  21.01.2020


Am néie Joer konnt sech d'Lëtzebuerger Handballfederatioun laangfristeg mat néie Partner zesummen doen. Des Kooperatioune goufen am Kader vun der WM Quali am Januar an der Coque virgestallt. Gläich dräi néi Sponsore konnten déi Verantwortlech vun der FLH dem grousse Public präsentéieren.

Bis 2022 sinn d'Kontrakter ënnerschriwwe ginn a béid Säite kënnen esou laangfristeg zesumme plangen. Mat BUREAUTIQUE WAGNER-BRAUCKMANN konnt en Top Partner fonnt ginn, deen éischtklasseg Bürosmiwwelen am Portfolio huet, a nach vill méi. Dozou de Vize-Präsident vun der FLH den Thierry Wagner: « Natierlech si mir houfreg mat Wagner-Brauckmann e kompetente Partner fonnt ze hunn. Net nëmmen si si beschtbekannt am Bürosberäich, si bidden och spezifesch Miwwele fir Schoulen, respektiv och eng flott Gamme fir de private Gebrauch un. Wagner-Brauckmann steet virun allem fir eng seriö Berodung an e gudde Service. Fir de Loterie Nationale Final 4 huet Wagner-Brauckmann en extra Bonus fir d'Zuschauer parat, a mir loossen eis iwwerraschen!».

E weideren néie Partner fir de Sportberäich ass d’Sportsgeschäft PETERS SPORTS vum Houwald. De Nico Peters a seng ganz Equipe sinn ënner anerem spezialiséiert op Einlagen fir Handballschung. Domadder hutt dir de perfekten Halt a Verletzunge kann een esou besser evitéieren. Gidd roueg bei Peters Sports kucken, well nieft dem Handball sinn si e.a. och Spezialist fir Lafsport an Triathlon. «Donieft hunn mir och d'Méiglechkeet bei Peters Sports eis Coupen a Medailen individuell ze gestalten, oder aaner Event- a Merchandisingartikel ze bestellen», esou de Generalsekretär Christian Schmitt.

Frou ass de Lëtzebuerger Handball och mat FITLINE kënnen e Spezialist an der Nahrungsergänzung fir Sportler ze presentéieren. D'Nationalspiller kréien esou d'Méiglechkeet wärend laangen Trainingsphasen mat ausgewielte Produkter besser ze recuperéieren. De Präsident vun der FLH Dr. Romain Schockmel ass sech dëser Verantwortung bewosst : « Als Medezinner ass et natierlech eng Selbstverständlechkeet drop hinzeweisen, dass de Leeschtungsopwand fir eis Elittesportler enorm ass, an dass nieft enger gesonder Ernierung, och eng exemplaresch Liewenshygiène néideg ass, fir gutt Leeschtungen ze bréngen. Fitline ënnerstëtzt eis Spiller dobäi. Wat och wichteg ass, ass dass d'Produkter vu Fitline op der "Cologne List" stinn, an domat onbedenklech fir eis Athlete sinn.»

Nieft dësen néie Partner konnt d'FLH awer och bestoend Kontrakter verlängeren, wat och e Beweis ass, dass mir eise Partner eng Win-Win Situatioun bidde kënnen. De Vize-Präsident Thierry Wagner, Responsabel fir de Marketing an der Federatioun, ass houfreg ob déi Entwécklung: «Fir eis ass et eng Confirmatioun, dass mer den Handball gutt no bausse verkafe kënnen a mir si frou, dass dat bei eise Partner och gutt ukënnt. Sie vertrauen eis, dass mir si gewëssenhaft representéieren. Dowéinst freet et eis, dass gläich 5 Partner verlängert hunn, fir den Handball zesummen no fir ze bréngen. "Handball ass méi" ass eisen néie Slogan, an dat mierken eis Partner och.»

D'Sportsuniversitéit LUNEX ass natierlech e flotte Partner well mir am Beräich Sport an all senge Facettë schaffen.

Mat der Firma STREFF, dem Spezialist am Plënneren hei zu Lëtzebuerg, ass ee vun den éischten Ënnerstëtzer vun der Dammennationalequipe och nees mat am Boot. Ouni si wär villes net méiglech gewiescht.

D’BIL, eisen zouverlässege Finanzpartner, huet och e weidert Joer verlängert. E grousse Merci, dass se eis an der Vergaangenheet hiert Vertraue geschenkt, an am Beräich Finanze mat Rot a Dot zur Säit stoungen.

E weideren Ënnerstëtzer ass ENGIE COFELY, deen Energiespezialist hei zu Lëtzebuerg. Si hunn hiert Engagement verlängert, well si eise Fortschrëtt am Jugendberäich weider ënnerstëtze wëllen.

An och eise laangjärege Partner d'GARAGE REISERBANN huet zesumme mat OCCASIONS REISERBANN e weidert Joer hir Ënnerstëtzung zougesot.

D’Handballfederatioun seet all hire Partner villmools Merci fir hier Ënnerstëtzung an hofft, dass déi Success Story nach laang bestoe bléift.

#handballassméi #AXALeague