Eis jonk rout Léiwen spillen dëse Weekend um Sauerlandcup zu Menden
  21.08.2019


Eis U15 Jongen hunn dëse Weekend hiren éischte groussen Asaz am Ausland. Si spillen e Samschdeg den 24.8 um Sauerlandcup géint hier Alterskollege vun der HSG Hanau (9h00), Haspo Bayreuth (10h00), SG Lingen (11h00) an TSV Bayer Dormagen (12h00). Jee no Klassement geet et dann Sonndes de 25.8 weider. Am Virfeld huet d'Equipe sech wärend 3 Deeg an engem Trainingslager virbereed. Et geet zu Menden virun allem drëms, éischt international Erfarung ze sammelen. Dem néien Trainer Alex Scheubel stinn dofir 14 Spiller zur Verfügung, leider stinn e puer wichteg Spiller net zur Verfügung. Mir wënschen der Equipe vill Erfolleg zu Menden! #RoudeLéiwhuelse #Letsmakeithappen #MirsinnHandball