D'U16 Meedercher verléieren 2. Match géint Yutz mat 32-34
  22.10.2019


An engem bis zum Schluss spannende Match, konnt sech dës Kéier Yutz mat 34-32 duerchsetzen.

Eis jonk Damme konnten hier Victoire vun e Mëttwoch net bestätegen. Dës Kéier war hire Géigner méi selbstbewosst. Si haten et och verstanen a wichtege Momenter d’Schëss op de Goal eranzekréien, wat eiser Equippe net gelongen ass.

Bei 30-30 waren si 5 Minutte viru Schluss bäikomm, a wann Ajla 2 Minutte viru Schluss net blesséiert gi wier....

Wichteg ass dat si gekämpft hunn, a net opginn hunn. Weider esou !