D'Tina Welter wiesselt op Göppingen an déi éischt Bundesliga
  07.09.2019


Kuerz virum Ufank vun der Saison konnt eis rout Léiwin d'Tina Welter sech säin Dram vun der 1. Bundesliga erfëllen. Hat huet säi Vertrag beim VFL Waiblingen opgeléist a wiesselt op Frisch Auf Göppingen wou hat e Samschdeg mat senger Equipe géint den aktuellen däitsche Champion vum leschte Joer Bietigheim untrëtt. Mir wënschen eiser Nationalspillerin vill Erfolleg! #Letsmakeithappen #AXALeague #MirsinnHandball