De Weekend am Resumé
  02.12.2019


Dëse Weekend stoungen 1/4 Finallen an der Lotterie National Coupe de Luxembourg um Programm.

Bei den Hären verléiert Museldall aus der Promotioun mat 16:43 géint Esch. Och Péiteng muss sech 25:44 géint Diddeleng geschloe gi. Bierchem klappt Miersch (aus der Promotioun) 35:20 an am Spëtzematch Red Boys géint Käerjeng, stoung et um Enn 37:34 fir d'Red Boys.

Bei den Damen huet Dikrech Käerjeng, de Coupe Gewënner vum leschte Joer, mat 28:26 eliminéiert (no Verlängerung). Red Boys verléiert doheem géint Museldall (20:27), wärend Esch zu Beetebuerg 21:27 gewënnt. Diddeleng setzt sech um Standard mat 18:26 duerch.

Nächste Spilldag bei den Hären :
HBC Schëffleng - Red Boys Déifferdeng (Mëttwoch)
HB Diddeleng - Chev Dikrech (Dënschdeg)
HB Péiteng - HB Käerjeng (Dënschdeg)
HB Esch - HC Bierchem (Dënschdeg - am Livestream op HandballTV)

Nächste Spilldag bei den Dammen :
HC Standard - HB Diddeleng (Sonndeg)
Red Boys Déifferdeng - HB Museldall (Samschdeg)
Chev Dikrech - HB Esch (Samschdeg)