Dëse Weekend stinn d'Retourmatcher vum EHF Cup a vum Challenge Cup um Programm.
Am EHF Cup ass de Retour-Match fir déi Escher e Samschdeg um 18h30 an der Lallenger Sportshal programméiert. Si waren a Polen beim KS Azoty mat 31-28 ënnerleeën, hu mat dësem Resultat awer eng gutt Ausgangspositioun fir een Tour weider ze kommen.
Am Challenge Cup spillt den H.B. Käerjeng e Sonndeg um 17h00 doheem géint Alingsas HK aus Schweden. Am Aller-Match louchen déi Käerjenger an der Paus mat dräi Goaler hannen, hunn sech um Enn dunn awer misse mat 36-24 geschloe ginn.
Déi Diddelenger spillen hire Retour-Match am Challenge Cup e Samschdeg um 17h00 auswäerts a Lettland géint ZRHK TENAX Dobele. Diddeleng hat leschte Weekend hei heem 24-27 géint d'Lette vun Dobele verluer, woumat awer nach eng kleng Chance, fir an de nächsten Tour ze kommen, besteet. C.Petit
#RoudeLéiwhuelse #Letsmakeithappen #AXALeague