Den internationalen Handball trauert ëm de Morten Stig Christensen
Mam Morten, President vum däneschen Handballverband, huet eis gëschter onerwaart eng grouss Handball-Perséinlechkeet leider fir ëmmer verlooss.
Säi Liewe war den Handball, hien huet jidderengem nogelauschtert, a sech och fir déi méi kleng agesat. Hien war den "Gentleman" vum internationalen Handball.
D'Lëtzebuerger Handball Federatioun dréckt senger Famill, senge Frënn, an dem däneschen Handballverband, säi Matgefill aus !
RIP Morten Stig