Den HC Berchem ass Champion 2024-2025 bei den U13 Mixte

  09.06.2025

Am virleschte Match vum Play-Off U13 (Poule Titre) wënnt d'U13 Mixte Ekipp vum HC Bierchem mat 35 : 24 géint den zweetplacéierten den HC Standard. Den HCB huet elo 4 Punkte Virsprong, a ka bei nach just engem Match net méi ageholl ginn.

 

Felicitatiounen un d'Spillerinnen a Spiller vum Veräin aus dem Réiserbann.

 

#AXALeague #handballassméi #champion2025