Den HC Berchem 2 feiert de Gewënn vun der Promotioun Männer an de CHEV Diekirch feiert d‘ Reservenmeeschterschaft Männer
Mat enger 26- 24 Victoire konnt sech den HC Berchem gëscht géint Esch 3 de Championstitel an der Promotioun sécheren. Den Trophée ass iwwerreecht gi vum FLH-Trésorier Martial Veidig.
Am Playoff vun de Reservenekippen huet sech de CHEV Diekirch de Championstitel mat enger 24-21 Victoire géint Käerjeng geséchert. Hei huet den Jérôme Duarte als CA-Member den Trophée iwwerreecht.
D’FLH gratuléiert den 2 Veräiner vu Berchem an Diekirch