Den HB Käerjeng invitéiert op säin 8. Jugend-Handballcamp an der Ouschtervakanz 2023
Nach just e puer Plaze fräi !
Den Handball Käerjeng organiséiert zesumme mat HUMMEL HANDBALLCAMPS déi 8. Editioun vum HBK Jugend-Handball Camp fir Meedercher a Jongen an der Ouschtervakanz 2023 vu Mëttwoch 12.4. bis Freideg 14.4. (ouni Iwwernuechtung) an der Sportshal « Um Dribbel »
De Camp ass fir d'Kategorien U11 bis U17 (Jongen a Meedercher)
Programm a Leeschtungen :
3 Deeg Handball Training ënnert professioneller Betreiung
All Dag eng waarm Moolzecht, an Uebst/ Snack an de Pausen
Waasser virum, wärend a nom Training
En exklusive Camp-Shirt
Alterskategorien :
De Camp riicht sech des Kéier un d’Jugend-kategorie vun 9 Joer bis 17 Joer (inkl.), déi deementspriechend e spezifeschen Camp-Programm ugebuede kréien.
D’Spiller ginn de ganzen Dag betreit
Präis pro Spiller 139 €
Geschwësterrabatt 10 €
Mellt Iech un iwwert de QR Code an der Annexe oder iwwert dëse Link forms.office.com/r/sKaDx0KAkF
Pabeierflyer fannt dir op www.hbk.lu/wp2/wp-content/uploads/2022/12/HBK-HandballCamp-2023-form.pdf
Déi éischt si vir !
#handballassméi