Den HB Diddeleng (Hären) am EHF-Challenge-Cup géint Imedi Telavi aus Georgien.
10.10.2018
Dëse Weekend sinn et Häre vum HBD déi sech international presentéiere géint Imedi Telavi aus Georgien. Dobäi ass et e Freideg um 20h30 den Aller Match, an e Samschdeg um 20h00 de Retour all Kéier zu Diddeleng am Centre René Hartmann. Mir drécken eisem Vertrieder natierlech d'Daumen!
#MirsinnHandball #Letsmakeithappen