Den Handball Red Boys invitéiert op e Public Viewing um groussen Ecran

  22.01.2020

D'Gemeng Déifferdeng an d'Jugendkommissioun vum Handball Red Boys invitéieren dëse Weekend op hire Public Viewing  vun den Halleffinallen an der Final vun der Handballeuropameeschterschaft.

Lass geet et an der Hall O zu Uewerkuer e Freideg de 24.1 mat der éischter Halleffinall um 18h00.

E Sonndeg de 26.1 steet dann d'Final um groussen Ecran ab 16h30 um Programm.

Fir gutt Ambiance, Iessen a Gedrénks ass gesuergt. Weider Info kritt dir iwwer info@handballredboys.lu.

#handballassméi #AXALeague