Den David Gyafras huet eis fir ëmmer verlooss

  05.02.2026

Leider huet eis déi traureg Noriicht erreecht, datt den David Gyafras säi laange Kampf géint de Kriibs verluer huet, an eis fir ëmmer verlooss huet.

 

Den David war als Spiller, an duerno och als Trainer an de Veräiner zu Käerjeng, Péiteng a Bieles aktiv, a wäert eis als ganz sympathesche Mënsch a Sportskolleeg a beschter Erënnerung bleiwen.

 

Mir drécke senger Famill, an all sengen Noosten eist déifst an häerzlechst Bäileed aus.