De Weekend am Resumé

  27.01.2020

Dëse Weekend waren et an der AXA-League bei den Damme folgend Resultater. E Freideg schonn hat sech Red Boys an engem Match vum 12. Spilldag mat 31:23 géint den Handball Esch duerchgesat. Käerjeng gewënnt am Spëtzematch kloer géint Dikrech (26:18) a Museldall muss sech doheem géint Diddeleng geschloe ginn (17:22). D'Red Boys wënnt mat 34:22 géint de Standard, obwuel den HC Standard 15 Minutte viru Schluss bei 22:21 nach gutt am Match war.

Nächste Weekend steet den 13. Spilldag vun der AXA-League bei den Hären um Programm

01.02.2020 HB Diddeleng – HBC Schëffleng

01.02.2020 HC Bierchem – HB Käerjeng

01.02.2020 Chev Dikrech – Red Boys Déifferdeng

01.02.2020 Handball Esch - HB Péiteng

An der AXA-League Dammen gi folgend Matcher gespillt:

01.02.2020 CHEV Dikrech – Red Boys Déifferdeng

01.02.2020 Handball Esch - HB Museldall

04.02.2020 HC Standard – HB Käerjeng

#AXALeague #handballassméi