De Weekend am Resumé

  21.10.2019

Dëse Weekend stounge bei den Hären d'Matcher an der Loterie National Coupe de Luxembourg um Programm.

Museldall aus der Promotioun gewënnt 30:29 géint Schëffleng. Och Rëmeleng konnt den Niveau vun der Nationaldivisioun matgoen a verléiert nëmme knapps géint Péiteng, nodeems si 5 Minutte viru Schluss nach vir louchen. Miersch a Bartreng trennen sech 24:17. Bierchem gewënnt 48:19 géint Reiden, wärend Dikrech géint Käerjeng mat 24:31 de Kierzeren zitt. Standard verléiert 25:39 géint Diddeleng.
 
Bei den Damen huet um 6. Spilldag vun der AXA League Museldall Esch keng Chance gelooss a gewënnt kloer 34:8. An engem Nodrosmatch fir de Kont vum 4. Spilldag, huet Käerjeng knapps mat 21:20 zu Diddeleng gewonnen.
 
Nächste Rendezvous:
24.10.19 19h30 Lëtzebuerg - Lettland @Uewerkuer
25.10.19 19h30 Lëtzebuerg - Lettland @Uewerkuer

Bei den Häre gëtt d'Championnat den 9. November mat folgende Matcher weider:
Chev Dikrech - HC Bierchem
HB Péiteng - HBC Schëffleng
Red Boys Déifferdeng - HB Käerjeng 
HB Esch - H.B. Diddeleng
 
E Mëttwoch gi folgend Matcher fir de 6. Spilldag vun der AXA League bei den Damme gespillt : Red Boys Déifferdeng - Chev Dikrech a HB Käerjeng - H.C. Standard