De Weekend am Resumé
  09.03.2020


Dëse Weekend stoungen an der AXA League bei den Hären déi éischte Matcher vum Play-Off um Programm. Esch gewënnt kloer mat 36:20 géint Dikrech wärend Bierchem sech muss doheem 24:26 géint Diddeleng geschloe ginn. D'Red Boys huet an de leschte 15 Minutten d'Differenz géint Käerjeng gemaach, a gewënnt um Schluss mat 38:29.

An der Relegatioun gouf et direkt déi éischt Iwwerraschung, hei gewënnt Rëmeleng mat 25:24 géint Péiteng. Schëffleng geet 28:21 op Bartreng gewannen an de Standard behëlt d'Iwwerhand géint Miersch (32:24) 

Bei den Dammen huet Museldall seng Revanche géint Diddeleng geholl a gewënnt 22:21. Käerjeng léisst géint de Standard näischt ubrennen a gewënnt 31:19. Ganz vill Goaler hunn Zuschauer zu Dikrech gesinn, hei setzen sech d'Dammen aus dem Norde mat 46:27 géint Déifferdeng duerch.

An der Relegatioun huet Beetebuerg sech knapps mat 20:19 géint Reiden duerchgesat. C. Petit

Nächste Spilldag an der AXA-League bei den Hären :

14.03.2020 HB Diddeleng – Red Boys Déifferdeng

14.03.2020 HB Käerjeng – HB Esch

15.03.2020 CHEV Dikrech – HC Bierchem

 Relegatioun bei den Hären :

13.03.2020 HB Bartreng – HC Standard

14.03.2020 Esp. Rëmeleng – HBC Schëffleng

15.03.2020 HB Miersch – HB Péiteng

 Nächste Spilldag an der AXA League bei den Dammen :

14.03.2020 HC Standard – CHEV Dikrech

14.03.2020 HB Museldall – HB Käerjeng

15.03.2020 Red Boys Déifferdeng – HB Diddeleng

 Relegatioun bei den Dammen :

14.03.2020 HB Esch – HCA Réiden

#AXALeague #handballassméi