De Weekend am Resumé

  03.02.2020

No enger laanger Paus goufen dëse Weekend an der AXA League bei den Häre folgend Matcher gespillt: Bierchem gewënnt kloer mat 38:28 géint Käerjeng. D`Red Boys gewënnt ganz knapp zu Dikrech mat 28:27. Diddeleng wënnt doheem mat 38:22 géint Schëffleng, wärend Péiteng zu Esch bis zur Paus mathale konnt, sech zum Schluss awer huet misse mat 33:20 geschloe gi.

Bei den Dammen huet Dikrech doheem géint d'Red Boys mat 34:28 gewonnen an Esch zitt géint Museldall mat 17:30 de Kierzeren. De Match tëscht dem Standard a Käerjeng gëtt en Dënschdeg de 04/02/2020 um 20h00 gespillt.

Nächste Weekend steet de 14. a leschte Spilldag virum Playoff vun der AXA League um Programm:

05.02.2020 HB Käerjeng – Red Boys Déifferdeng

08.02.2020 HBC Schëffleng – HB Péiteng
08.02.2020 HC Bierchem – Chev Dikrech
08.02.2020 HB Diddeleng - HB Esch (am Livestream op HandballTV)

Bei den Damme gi folgend Matcher gespillt:

07.02.2020 HB Käerjeng – Red Boys Déifferdeng

08.02.2020 HB Diddeleng - HB Esch
09.02.2020 HC Standard – Chev Dikrech

#handballassméi #AXALeague 

  AXA League Hären            
               
  Spieler Verein Anzahl Spiele Tore Tore Spiel 7m Tore 7m verworfen
1 BRUKWICKI, Borys CHEV Diekirch 13 83 6,38 13 0
2 Gyafras, David HB Petange 13 79 6,08 23 7
3 Novais Pires, Vladimiro CHEV Diekirch 13 79 6,08 15 6
4 Tsatso, Christo HC Berchem 13 77 5,92 17 3
5 Guden, Raphael HC Berchem 13 73 5,62 21 7
               
               
               
  AXA League Dammen            
               
  Spieler Verein Anzahl Spiele Tore Tore Spiel 7m Tore 7m verworfen
1 MOLKOVA, Alina CHEV Diekirch 11 129 11,73 28 9
2 Soberano, Tania Red Boys Differdange 11 70 6,36 21 3
3 Hadi, Leila HB Museldall 10 65 6,5 22 5
4 Marin, Andreea-Alina HB Käerjeng 10 59 5,9 20 6
5 Mizak, Agnieszka HC Standard 10 58 5,8 11 2