De Weekend am Resumé
Um 6. Spilldag vun der AXA-League bei den Häre gouf dëse Weekend nëmmen eng Partie gespillt. Hei gewënnt d'Red Boys knapp mat 34:32 géint Dikrech. De Match Péiteng géint Esch gëtt de 15. Oktober nogespillt. An d'Partië Schëffleng géint Diddeleng a Käerjeng géint Bierchem sti fir de 16. Oktober um Programm. Op Europäescher Bühn hat den Handball Esch a Polen op 3 Goaler verluer, si konnten e Samschdeg zu Lalleng géint Azoty-Pulawy awer trotz gudder Leeschtung an e besse Pech, net gewannen (25:26) a verpassen domat d'Qualifikatioun fir déi nächst Ronn. Och den H.B. Diddeleng huet a Lettland mat 28:24 (Aller 24:27) géint Dobele verluer, a konnt sech net qualifizéieren. D'Käerjenger haten den Allersmatch mat 24:36 verluer, an hu sech och um Dribbel misse mat 31:36 géint d'Schweden vun Alingsas geschloe ginn. Bei den Damme goufe fir de 5. Spilldag vun der AXA League folgend Partië gespillt. Diddeleng gewënnt géint Museldall mat 21:17. Red Boys Déifferdeng setzt sech mat 20:16 um Standard duerch. Iwwerraschend däitlech ass d'Resultat 34-24 zu Gonschte vun Dikrech géint den aktuelle Champion Käerjeng ausgefall. Nächste Weekend steet dann bei den Härematcher vun der Lotterie National Coupe de Luxembourg folgendes um Programm: 19.10 H.B. Museldall - H.B.C Schëffleng Chev Dikrech - H.B. Käerjeng H.C. Reiden - H.C. Bierchem Esperance Rëmeleng - H.B. Péiteng 20.10 H.B. Miersch - H.B. Bartreng H.C. Standard - H.B. Diddeleng Bei den Damen stinn folgend Matcher an der AXA League um Programm: 19.10 H.B. Museldall - H.B. Esch H.B. Diddeleng - H.B. Käerjeng 23.10 Red Boys Déifferdeng - Chev Dikrech H.B. Käerjeng - H.C. Standard #AXALeague #Letsmakeithappen #RoudeLéiwhuelse C.Petit