De 15. EHF Kongress fönnt 2021 zu Lëtzebuerg statt.

  20.06.2018

Um 14. uerdentlechen EHF Kongress zu Glasgow huet d'Vollversammlung vun der EHF decidéiert dass de nächste Kongress zu Lëtzebuerg ass. No enger Promotiouns-Riet vun eisem Vize-President dem Thierry Wagner huet d'Versammlung per Akklamatioun eiser Federatioun d'Vertraue gi fir dëse Kongress ze organiséieren.

De Kongress ass dann am Abrëll 2021 zu Lëtzebuerg.

#mirsinnhandball
#letsmakeithappen