D'Christine (Petit) freet no beim Tommy WIRTZ…

  18.10.2019

Am Kader vun der WM Quali 2021 spillt eis Nationalequipe Ufank Januar géint d'Slowakei, d'Färöer Inselen a Litauen, ier kuerz duerno de wichtege Playoff fir d'EM 2022 géint Estland ass.

1) Wéi gesäis du d'Entwécklung vun der Nationalequipe an de leschte Joer ?

Eis Equipe ass um richtege Wee. Mir sinn eng jonk Equipe mat villen Talenter, déi an deene leschte Jore schonn zimlech gutt Resultater gemaach huet a menger Meenung no prett ass e Schratt méi weit ze kommen.

2) Wéi eng Chancë rechens du der Nationalequipe aus fir déi 3 Matcher vun der WM Quali ?

Mir hunn eng ganz staark Grupp erwëscht! Souwuel géint d'Slowakei als och géint d'Färöer Inselen, déi eng ganz staark Jugend hunn, gëtt et ganz schwéier. Bei Litauen hänkt et dovunner of mat wéi enge Spiller se dann um Tournoi deelhuelen. Am Allgemenge gëtt et schwéier, mee wien weess, mir spillen doheem wou mer mat der Ënnerstëtzung vun eise Fans schonn oft fir Iwwerraschunge gesuergt hunn ! 

3) Mëtt Januar spillt d'Nationalequipe ganz wichteg Matcher géint Estland, wéi stinn do Chancë fir des Dueller positiv ze gestallten ?

Mat Profispiller wéi Patrail vun Hannover, momentan Tabelleleader an der Bundesliga, oder och nach den Ex-Kieler Jaanimaa, ass menger Meenung no Estland ganz kloer Favorit. Mee mir hunn eis schonn 1 Mol géint si qualifizéiere kënnen, a wéi scho virdrun erwäänt, eis jonk Equipe ass einfach prett. 

4) Wann d'Nationalequipe auswäerts spillt, mat wiem deels du däin Zëmmer, a wisou ?

Mam Jimmy Hoffmann. Mir sinn e bësse wéi eng al Koppel, déi sech géigesäiteg ujäizt an sech awer gär huet, an dofir géif ech soss mat kengem aneren tauschen. 

5) An dräi Wieder, wéi mengs du géifen deng Teamkomeroden an der Nationalequipe dech beschreiwen ?

Frot meng Teamkomeroden ! Äntwert : Leader, Zouverlässeg, Witzeg