D'Christine Petit freet no beim Tom Krier…
  03.01.2020


Am Kader vun der WM Quali 2021 spillt eis Nationalequipe Ufank Januar géint d'Slowakei, d'Färöer Inselen a Litauen, ier kuerz duerno de wichtege Playoff fir d'EM 2022 géint Estland ass.

1) Wéi gesäis du d'Entwécklung vun der Nationalequipe an de leschte Joer ?

Mir hunn a leschter Zäit gutt Resultater gemaach. Heiansdo si mir déi, déi sech soen, dass mir als klengt Land keng Chance hunn, dat musse mir ofstellen, well mëttlerweil hu mir 16 gutt Spiller, an ee gudden Encadrement.

2) Wéi eng Chance rechens du der Nationalequipe aus fir déi 3 Matcher vun der WM Quali ?

Chance sinn ëmmer do. Favorit si mir awer sécher net. D'Färöer Inselen hunn sech gutt verbessert an deene leschte Jore mat staarken Spiller, mee och mir hunn eng gutt Equipe. Wann ech der Meenung wier, dass mir keng Chance hätten, géif ech doheem bleiwen, well dann hätt et kee Wäert. An da musse mir kucken dat bescht Resultat ze maachen, fir eist Land esou gutt wei méiglech ze vertrieden, an onsen Zuschauer Merci ze soen.

3) Mëtt Januar spillt d'Nationalequipe ganz wichteg Matcher géint Estland, wéi stinn do d'Chancen fir des Dueller positiv ze gestallten ?

Si sinn déi di ënner Drock stinn. Si wëssen dass se schonn eng Kéier géint eis verluer hunn, dat heescht d'Chance fir eis ass definitiv do. Mir musse kucken hei heem dat beschte Resultat ze maachen, an dann an Estland villäicht fir eng Iwwerraschung ze suergen. Ech menge wann mir zesumme spillen, als Equipe, an d'Chimie stemmt, da gesinn ech gutt Chancë fir déi Matcher ze gewannen.

4) Wann d'Nationalequipe auswäerts spillt, mat wiem deels du däin Zëmmer a wisou ?

Vue que dass ech déi lescht Campagne wéinst enger Verletzung net dobäi war, hunn ech am Moment kee feste Partner fir Zëmmer ze deelen. Et kéint awer gutt sinn dass ech mam Yann Hoffmann mäin Zëmmer deelen, well hie virdrun säin Zëmmer mam Yannick Bardina gedeelt huet, an deen ass des Kéier net dobäi.

5) An dräi Wieder, wéi mengs du géifen deng Teamkomeroden an der Nationalequipe dech beschreiwen ?

fair, selbstbewosst, Kämpfer

 

Numm :             Tom Krier
Veräin :              Handball Esch
Positioun :         Riéts Band
Selektioune :     16
Goaler :             33