D'Christine huet beim Yann De Waha nogefrot
  21.02.2020


De Yann de Waha ass mat 15 Joer ee vun de Jéngsten déi de Wee an d'Ausland gesicht hunn. Zanter dem Juni 2019 trainéiert hien an der TVG Junioren Akademie vu Grosswallstadt. Mir hunn bei him nogefrot wéi et zu dëser Entscheedung koum.

  1. Wisou a wéini hues du mam Handball ugefaangen?

Ech sinn 2009 mat 5 Joer ëmmer mat an d'Hal gaange fir meng Schwëster op den Training sichen ze goen. Wärend dem waarden hunn ech mir ëmmer ee Ball geholl an hunn matgespillt, fir d'Zäit erëm ze kréien. Dëst huet mir esou vill Spaass gemaach, dass ech dunn och ugefaangen hunn Handball ze spillen.

  1. Wéini war fir dech kloer, dass du an d’Ausland spille goe wëlls?

Op 7ième hunn ech missen en Plakat iwwert mäi Sportidol maachen. Ech hat mech fir de Yannik Bardina entscheet, deen och Spiller beim HB Museldall war, a mat 15 Joer op Grosswallstadt an d'Juniorenakademie gaangen ass. Dëst hat ech ëmmer am Hannerkapp, an dat huet mech motivéiert um Training ëmmer mäi Bescht ze ginn. Nodeems ech 3 Joer am Sportlycée war, an d'Schoul hätt misse wiesselen, hunn mir eis Doheem Gedanke gemaach wei et soll weidergoen. Well meng deemoleg Traineren, de Vanja Radic, d'Elena Vereschako an de Lubos Sak mech ëmmer encouragéiert hunn, hunn ech zesumme mat mengen Elteren entscheet, fir mech  op engem Siichtungstraining zu Grosswallstadt unzemellen. No der Siichtung am Januar sinn ech nach eng kéier fir 3 Deeg am Februar invitéiert gi wou ech och an der WG wunne konnt, an um 'normale Liewen' (Schouldag, Training, asw) hunn dierfen deelhuelen. Séier war fir mech kloer, dass ech wéilt probéieren zu Grosswallstadt mäi Wee ze maachen. Hei hunn ech d'Chance an enger familiärer Struktur eng gutt Handballausbildung ze kréien.

  1. Wéi hues du dech agelieft a wie schwéier war d’Ëmstellung?

D'Ëmstellung war am Ufank e bësse schwéier well ob emol sou vill Neies a Verantwortung ob een zoukënnt. Ech hunn mech awer no kuerzer Zäit an der Equipe esou wei an der WG agelieft a mir geet et gutt. An der WG si vill néi Spiller déi a mengem Alter sinn a mir ginn all super mateneen eens. Och spilleresch hunn ech mech missen ëmgewinnen, d'Spill ass an Däitschland vill méi schnell a Kierperbetount.  Ech hunn am Ufank mol misse ‘richteg‘ Verteidege leieren an dobäi och Plomme gelooss (en Zant huet missen drun gleewen). Haut hunn ech meng Platz an der Equipe awer fonnt.

 4.Erziel eis kuerz däin Dagesoflaf a weis du dohanne liefs:

Ech wunnen an der WG vun der TVG Junioren-Akademie zu Grosswallstadt. D'Akademie besteet aus zwou verschidde Wunnengen op enger Etage, mat Zëmmere fir 2-3 Persounen. Mir hunn eng gemeinsam Kichen, een Iesszëmmer, een  Openthalts- a Wäschraum.

D’Schoul leit nëmme 5km an d'Sportshal nëmmen 3 Minutten ze Fouss vun der WG fort. An der WG liewe mir am Moment zu 12 Jongen am Alter vu 14 bis 19 Joer, déi aus verschiddenen däitsche Bundeslänner, der Slowakei, der Schwäiz, an der Ukrain kommen. Mir schwätzen däitsch an Englesch mateneen.

Mäin Dagesoflaf:

Moies stinn ech kuerz viru 7 Auer op a ginn normal vun 08.00 bis 13.00 Auer an d'Schoul. Duerno fueren ech an d'WG wou mir zesumme kache resp. gekacht kréien. Mir hunn eis Pedagogesch Leedung vun der WG an zwou Kächinnen (déi do Benevole schaffen) an zwee FSJ’ler (FSJ = Freiwilliges soziales Jahr) déi eis ënnerstëtzen.

Am Nomëtteg ass Zäit fir d'Hausaufgaben ze maachen a fir ze léieren. An dëser Zäit muss een awer och seng WG-Aufgabe wéi Kichendéngscht, Akafe goen asw. erleedegen. Ausserdeem muss ech meng Haushaltsaarbechte wéi Kleeder wäschen oder Zëmmer botze maachen.

Vun Méindes bis Freides hunn mir all Dag am spéiden Nomëtteg 90 Minutten Training. zwee mol an der Woch hunn ech och nach zousätzlech eng Stonn Kraafttraining respektiv Extratraining wann dëst néideg ass.

Duerno geet et da rëm schnell an d'Bett fir den Dag duerno erëm fit ze sinn.

De Weekend ass da meeschtens ee Match. Fir op een Auswäertsmatch fuere mir tëschent 120 bis 350km wäit. Oft si  mir dann e ganzen Dag ënnerwee fir 1 Match ze spillen.

#handballassméi #AXALeague