D'Christine freet no beim Ben WEYER...
Am Kader vun der WM Quali 2021 spillt eis Nationalequipe Ufank Januar géint d'Slowakei, d'Färöer Inselen a Litauen, ier kuerz duerno de wichtege Playoff fir d'EM 2022 géint Estland ass.
1) Wéi gesäis du d'Entwécklung vun der Nationalequipe an de leschte Joer ?
Ech fanne mir hunn e grousse Schratt no vir gemaach, virun allem wat d'Defense ugeet. Mir sti vill méi kompakt, an dat gëtt eis dat néidegt Selbstvertrauen. Dass mir och am Ugrëff vill Talenter hunn gesäit een al Weekend am Championnat. Ëmmer méi Spiller sinn am Ausland, wouvu mir och ëmmer méi profitéieren.
2) Wéi eng Chancë rechens du der Nationalequipe aus fir déi 3 Matcher vun der WM Quali ?
Wichteg ass, dass mir d'Equippe kennen. Géint d'Slowakei lescht Joer, hu mir zwee ganz verschidde Matcher gesinn, mee mir spillen dës Kéier hei Heem. Wa mir an der Coque virun enger grousser Kulisse spillen, brauche mir eis sécher net ze verstoppen.
3) Mëtt Januar spillt d'Nationalequipe ganz wichteg Matcher géint Estland, wéi stinn do Chancë fir des Dueller positiv ze gestallten ?
Mir ginn a kee Match era vir ze verléieren, sos wiere mir jo keng Sportler. Mir wëlle weider kommen, et gëtt dës Kéier net duer ze soe mir hu gutt gespillt - mee leider verluer. Onsen Usproch muss si, fir déi Matcher ze gewannen.
4) Wann d'Nationalequipe auswäerts spillt, mat wiem deels du däin Zëmmer a wisou ?
Mam Léon Biel. Hien ass schonns laang ee vu menge beschte Kollegen, an et ass fir eis wéi en Dram den an Erfëllung geet, zesumme fir d'Nationalequipe däerfen ze spillen.
5) An dräi Wieder, wéi mengs du géifen deng Teamkomeroden an der Nationalequipe dech beschreiwen ?
Witzeg, Asaz, Emotional
Numm : Ben WEYER
Veräin : H.C. Berchem
Positioun : Pivot
Selektiounen : 26
Goaler : 48