D’Arbitterkoppel Dilber / Stock am Asaz bei de W16 European Open zu Göteborg
D’Arbitterkoppel Dilber / Stock war am Kader vum Young Referee Programme vun der EHF bei der W16 European Open zu Göteborg derbäi.
Dëst ass en internationale Jugendturnéier, bei deem talentéiert jonk Spillerinnen an och Arbitter aus verschiddene Länner zesummekommen, fir wäertvoll Erfarungen op héijem Niveau ze sammelen.
D’Turnéier war vum 29. Juni bis den 3. Juli. Si haten do d’Geleeënheet, e puer spannend Matcher ze päifen a konnten sech esou weiderentwéckelen.
Si si ganz dankbar fir dës flott Chance, a freeën sech op déi nächst Matcher an Erfarungen. 🤾♀️🌍
#handballassméi #norefnogame