Damme Nationalequippe : Lëtzebuerg - Griichenland 14 - 27 (5 - 14)
  02.06.2019


Lëtzebuerg huet gespillt mat : Alina HUREMOVIC an Eva ETOGA  am Goal -  Kim WIRTZ (2), Jil ZEIMETZ (2), Laura WILLEMS (1), Joy WIRTZ (5), Michèle JUNG, Dea DAUTAJ, Sharon DICKES, Niki SCHILT (3), Semina RADONCIC, Lena KIRTZ, Amélie GRAN, Ana Luisa MONTEIRO GONCALVES (), Tina WELTER (1), Jenny ZUK

Coach : Adrian STOT a Michel SCHEUREN     

2 Minutten    : Lux 5            GRE 5
7 Meter         : Lux 3 / 1      GRE 2 / 2

Am leschte Match vun dëser Qualifikatiounsphase ass eis Equippe géint den Organisateur, a grousse Favorit vum Turnéier, Griichenland ugetrueden. An d'Griichinnen hunn hier Favoritteroll op eng androcksvoll Manéier bestätegt, an sech kloer fir déi nächste Phase vun der Qualifikatioun duerchgesat. Super staark an der Verteidigung, e Klassekeeper an eng immens Vitesse bei de Konteren. Si waren einfach besser wéi eis Meedercher. No der 1. Halbzeit konnt ee mat dem Schlëmmste rechnen. Zum Gléck huet dem Adrian Stot seng Equippe no der Paus net opginn, sou dass et um Enn zwar eng solitt Defaite, mee keng Katastrophe ginn ass. Dëst soll des Aventure awer net a Fro stellen, dass esou wo ee léiert.

E grousse Merci un eise Fanclub deen de Wee mat op Veria gemaach huet. Dir hutt alles ginn an dir waart super.