Champion am Beachhandball 2019
Den Handball Käerjeng bei den Dammen an d'Espérance Rëmeleng bei den Hären heeschen déi nei Championen am Beachhandball fir 2019.
Beim dësjärege Beachhandball Turnéier vum HC Standard stounge Freides Owend d'Matcher fir de Champions Titel am Beachhandball um Programm. Bei den Dammen huet bei 7 Equippen den Handball Käerjeng sech viru Beetebuerg an Esch A duerchgesat. Bei den Häre waren och 7 Equippen um Depart. Hei huet sech d'Equipe vu Rëmeleng viru Standard A an der Red Boys duerchgesat. Felicitatiounen den zwee neie Champions.