D’AXA League bei den Dammen an Hären starte mat ronn 265 Antigentester

  07.02.2021

D'FLH deelt mat, dass 10 Veräiner, déi gëschter de Championnat an der AXA-League erëm ugefaangen hunn, ronn 265 Tester gemaach hunn. D’Resultater sinn all op d’FLH geschéckt ginn. Et war ee Spiller mat liichte Symptomer positiv getest ginn. Hien ass direkt isoléiert ginn. All déi aner Tester ware negativ. Och déi ronn 20 Arbitter, déi d'AXA-League Matcher päife, sinn all negativ getest ginn.

Den HC Standard (Dammen an Hären) hat en Donneschdeg ugefaangen, an e Freideg waren et dunn nach den HB Käerjeng (D+H), HB Beetebuerg (D), Chev Dikrech (D+H), HB Diddeleng (D), Handball Esch (D), HB Museldall (D), Red Boys Déifferdeng (D) an den HBC Schëffleng (H). Verschidde Veräiner hate professionell Tester an Eegeregie organiséiert, an all déi aner Clibb haten Hëllef vum Personal vum FLH-Partner Päperléck (Aides et Soins à Domicile). Alles huet ouni Problemer geklappt, jidderengem e grousse Merci !

D’Veräiner waren all gutt virbereet, um Standard huet et zum Beispill just 1,5 Stonn gedauert fir ronn 35 Spiller an 3 Arbitter ze testen. Den Echo ass allgemeng ganz gutt, all Club schafft gutt mat, wann ee bedenkt a wat fir kuerzer Zäit alles realiséiert ginn ass. Vun de Spiller war weider keng negativ Kritik ze héieren.

D'Fotoen si vum Denny Bierchen vum Chev Dikrech (Merci Denny !)