Auslousung Loterie Nationale Coupe de Luxembourg (1/4)
Leschte Sonndeg huet den FLH Éierepresident Jeannot Kaiser,an der Paus vum Lännermatch vun eiser Fraenationalekipp, d’Véierelsfinalle vun der Loterie Nationale Coupe de Luxembourg gezunn.
Dobäi koum et zu folgende Matcher bei de Fraen :
Red Boys - CHEV Diekirch
Handball Esch - HB Käerjeng
HB Dudelange - HB Museldall
HB Bieles - HC Standard
Bei de Männer goufe folgend Matcher geloust :
HB Dudelange - HB Käerjeng
HB Museldall - Handball Esch
Red Boys - HC Berchem
HC Standard - CHEV Diekirch
D’Matcher an deenen anere Kategorië fannt dir op www.flh.lu an der Rubrik Coupe
Gespillt gëtt de Weekend vum 25. a 26. November
#handballassmei #loterienationale #finalfourFLH #AXALeague